Réckbléck op d’Konferenz „Gesond opwuessen – Resilienzfërderung a Suchtpreventioun“
Den 10. Juni huet d’Gemeng Miersch den Optakt vum Projet Gesond Gemeng gemaach – engem Konzept vum CNAPA fir kommunal Gesondheetsfërderung a Suchtpreventioun. Dës Konferenz huet sech mat der Fro beschäftegt, wéi mir Kanner a Jugendlecher an hirer Entwécklung stäerke kënnen an se viru riskantem Verhale schützen.
D’Participanten haten d’Geleeënheet, méi iwwer d’Fërderung vun der Resilienz, d’Bedeitung vum kierperlechen a geeschtege Wuelbefannen an de wichtege Rôle vum sozialen Ëmfeld ze léieren. De flotte fachlechen Austausch huet gewisen, wéi wichteg eng gemeinsam Approche fir d’Gesondheetsfërderung an d’Suchtpreventioun ass.
Gesond Gemeng setzt op d’Zesummenaarbecht tëscht Gemeng, Bierger*innen, Veräiner an Institutiounen, fir nohalteg gesondheetsfërderend Strukturen op lokalem Niveau ze schafen. Mir freeën eis op déi nächst Etappe vun dësem partizipative Prozess.
Méi Informatiounen zum Projet
E grousse Merci un d’Gemeng Miersch fir hiert Engagement am Kader vum Projet Gesond Gemeng an un Tageblatt fir den Artikel iwwer dës Initiativ: