Passer directement au contenu

Réckbléck op d’Konferenz Gesond opwuessen – Resilienzfërderung a Suchtpreventioun“

Den 10. Juni huet d’Gemeng Miersch den Optakt vum Projet Gesond Gemeng gemaach – engem Konzept vum CNAPA fir kommunal Gesond­heets­fërderung a Sucht­pre­ven­tioun. Dës Konferenz huet sech mat der Fro beschäftegt, wéi mir Kanner a Jugendlech­er an hirer Entwécklung stäerke kënnen an se viru riskantem Verhale schützen.

D’Par­tic­i­pan­ten haten d’Geleeën­heet, méi iwwer d’Fërderung vun der Resilienz, d’Bedeitung vum kier­per­lechen a geeschtege Wuel­be­fan­nen an de wichtege Rôle vum sozialen Ëmfeld ze léieren. De flotte fachlechen Austausch huet gewisen, wéi wichteg eng gemeinsam Approche fir d’Gesond­heets­fërderung an d’Sucht­pre­ven­tioun ass.

Gesond Gemeng setzt op d’Ze­sum­me­naar­becht tëscht Gemeng, Bierger*innen, Veräiner an Insti­tu­tiounen, fir nohalteg gesond­heets­fërderend Strukturen op lokalem Niveau ze schafen. Mir freeën eis op déi nächst Etappe vun dësem par­tizipa­tive Prozess.

Méi Infor­ma­tiounen zum Projet

E grousse Merci un d’Gemeng Miersch fir hiert Engagement am Kader vum Projet Gesond Gemeng an un Tageblatt fir den Artikel iwwer dës Initiativ:

Fro No

Support Hotline

Fro No

Support Hotline

Vous avez des questions sur le thème des addictions, des drogues ou des services d’aide ?

Du lundi au vendredi de 9h00 à 13h00

E-mail frono@cnapa.lu Tél +352-49-77-77-55 WhatsApp +352-691-49-77-55