Folge 08 - LSD D’Urspréng vum Lysergsäurediethylamid oder ebe kuerz LSD.
D’Urspréng vum Lysergsäurediethylamid oder ebe kuerz LSD.
Firwat nennt een den Dag vun der Entdeckung vun der Wierkung vum LSD op d’Bewosstsinn de Bicycle-Day?
D’Jessy an de Luc schwätzen iwwer d’Urspréng vum Lysergsäurediethylamid oder ebe kuerz LSD.
De Luc erkläert, dass ee vum LSD net kierperlech ofhängeg ka ginn. Wat d’Gefor vun enger psychescher Ofhängegkeet ugeet, ass dat awer wuel net sou kloer.
Och iwwer d’Wierkungen an de Risiko vun engem „Bad Trip“ gëtt geschwat. Wat ass esou een Horror-Trip eigentlech? Wéi kann een dat vermeiden? An wéi reagéiert een an dem Fall am beschten?
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:
Tel: 49 77 77 ‑55
Mail: email hidden; JavaScript is required
Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
Wenn man bemerkt, dass es einer Person nach dem Konsum von legalen oder illegalen Drogen nicht gut geht, sollte man verantwortungsvoll handeln und sich um sie kümmern. Im Zweifelsfall den Notruf wählen und Erste-Hilfe-Maßnahmen einleiten.