Folge 16 - Crystal Meth / Speed Amphetaminn - Wat ass dat?
Amphetaminn — Wat ass dat?
Zu Lëtzebuerg ass Crystal Meth nach net ganz wäit verbreet. D’Jessy an de Luc schwätzen dofir méi generell iwwer Amphetaminne, déi och bei eis um Schwaarzmaart als Speed verkaaft ginn.
De Luc erkläert, firwat Amphetaminnen am 2. Weltkrich un Zaldote verdeelt goufen a firwat dës Substanzen awer trotzdeem keng Superdrogen sinn.
Et geet dann och drëm, wéi d’Wierkungen a Niewewierkunge vun Amphetaminnen ausgesi kënnen an dass se als Doppingmëttel a Kombinatioun mat kierperlecher Performance liewensgeféierlech kënne sinn an och net mat aner Substanze kombinéiert konsuméiert solle ginn.
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:
Tel: 49 77 77 ‑55
Mail: email hidden; JavaScript is required
Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
If you notice that a person is not well after having consumed legal or illegal drugs, act responsibly and look after that person. If in doubt, phone the emergency number and administer first aid.