Folge 07 - Psychedelesch Pilzen Wat sinn déi Zauber-Champignonen eigentlech a wéi wierken se?
Wat sinn déi Zauber-Champignonen eigentlech a wéi wierken se?
Magic Mushrooms, Fungien, Psyllos, Mexikaner, Hawaianer. Si hu vill Nimm, déi psychedelesch Pilzen. Mee wat sinn déi Zauber-Champignonen dann eigentlech lo genau a wéi wierken se?
D’Jessy an de Luc geheien e Bléck zréck an d’Geschicht, diskutéieren den Ënnerscheed tëscht de klassesche Magic Mushroom, de sougenannte Magic Trüffelen an de Fliegenpilzen a froen sech wat dat alles mat dem Weihnachtsmann ze dinn huet.
Och iwwer d’Wierkungen an d’Niewenwirkungen vun de psychedelesche Pilze gëtt geschwat, souwéi doriwwer, dass se hei am Land illegal sinn.
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:
Tel: 49 77 77 ‑55
Mail: email hidden; JavaScript is required
Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
If you notice that a person is not well after having consumed legal or illegal drugs, act responsibly and look after that person. If in doubt, phone the emergency number and administer first aid.