Folge 06 - MDMA / Ecstasy „Partydrog“ oder „Kuscheldrog“ - Sinn et wierklech just „harmlos faarweg Pëllen“?
„Partydrog“ oder „Kuscheldrog“ — Sinn et wierklech just „harmlos faarweg Pëllen“?
Als „Partydrog“ oder och als „Kuscheldrog“ ginn Ecstasy respektiv MDMA och bezeechent. Ecstasy ass dobäi e Sammelbegrëff fir verschidde Substanzen, déi eng änlech Wierkung hunn, an MDMA ass déi bekanntsten dovun.
Wat gëtt et nach alles ze wëssen a sinn et wierklech just „harmlos faarweg Pëllen“ oder gëtt et dach Risiken & Niewenwirkungen?
D‘Jessie an de Luc kucke sech dat an der heiten Episod vum Podcast genee un.
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:
Tel: 49 77 77 ‑55
Mail: email hidden; JavaScript is required
Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
If you notice that a person is not well after having consumed legal or illegal drugs, act responsibly and look after that person. If in doubt, phone the emergency number and administer first aid.