#1 - Wou stinn ech mat mengem eegene Konsum? Wat bedeit Konsum iwwerhaapt?
An dëser éischter Episod vu KloreKapp hëllefen d’Manon an d’Nathalie dir erauszefannen, wat Konsum iwwerhaapt bedeit – a wéi een erkennt, ob eege Gewunnechte gesond oder vläit scho problematesch ginn. Egal ob Social Media, Kaffi, Shopping oder Alkohol – mir all konsuméieren. Awer firwat? A wéi vill ass zevill? Mat 10 spannende Froe kanns du däi Konsum selwer ënner d’Lupp huelen.
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:
Tel: 49 77 77 ‑55
Mail: email hidden; JavaScript is required
Whatsapp: 691 49 77 55
If you notice that a person is not well after having consumed legal or illegal drugs, act responsibly and look after that person. If in doubt, phone the emergency number and administer first aid.