
Kanner tëscht 0 a 5 Joer brauche reell Erliefnisser an Interaktiounen.
Et si keng Fake News datt Bildschiermer aus eiser Welt net méi fortzedenke sinn an obwuel se engem vill Spaass an Notze kenne bréngen, well de CNAPA mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale De Secours Grande-Duchesse Charlotte, der Initiativ Liewensufank a.s.b.l. an der Eltereschoul Janusz Korczak dorop opmierksam maachen datt ze vill Zäit virum Bildschierm och Auswierkungen op d‘Entwécklung vun de Kanner kann hunn. Heibäi leeë mir de Fokus op déi éischt 5 Joer vum Kand, well dës mat déi wichtegst fir seng gesond Entwécklung sinn.
Dofir präsentéiert de Cnapa Iech an dëser Campagne:
- Alternativen zum Gebrauch
- Methoden zum gemeinsame Gebrauch
- Ureegunge fir den eegene Gebrauch
Stay tuned! (Fir dës Campagne ass et okay Är Bildschiermer ze benotze 😉)
Kalenner « DIGITAL DETOX »:
Dës Campagne soll Eltere vu Kanner am Alter vun 0–5 Joer dobäi ënnerstëtzen hire Mediengebrauch un d’Entwécklung vun hire Kanner unzepassen.
Froen an Äntwerten iwwer Medie fir Kanner (0–5 Joer)
Dir frot Iech, wéi vill Medien fir kleng Kanner passend sinn a wéi Dir domat ëmgoe kënnt? Eis FAQ gëtt Iech d’Äntwerten an nëtzlech Rotschléi!
Artikelen zu dësem Thema:
Artikel aus dem Magazine « baby info » vun der Initiativ Liewensufank
Selbsttest : Smartphone
Selbsttest
Äntwer ob follgend Froen an ziel deng jeeweileg Punkten zesummen – d’Opléisung gesäis du dann zum Schluss:
GAINING Opruff – Sensibiliséierungs-Alarm
Am Kader vum World Infant, Child and Adolescent Mental Health Day huet Lëtzebuerg sech der weltwäiter Organisatioun GAINING (Global Alliance for Inspiring Non-tech Infant Nurturing and Growth) ugeschloss. Zesumme mat 32 anere Länner hu mir den 23.04.25 Alarm geschloen an hunn op déi méiglech Konsequenze vun engem ze fréien an exzessive Bildschiermkonsum bei Kanner tëschent 0 a 3 Joer opmierksam gemaach.
Hei fannt Dir den offiziellen Elteren-Info-Alarm a verschiddene Sproochen:
Nëtzlech Linken:
Jugend und Medien
Dës Säit bitt Recommandatioune fir Eltere vu Kanner bis 7 Joer, fir eng sécher a bewosst Notzung vu Medien.
Klicksafe
Hei fannen Elteren, Enseignanten a Fachleit vill Materialien, wéi Broschüren, Guiden an Aarbechtsblieder, fir digital Mediekompetenz ze fërderen.
Flimmo
Op dëser Websäit fannen Eltere Bewäertungen an Orientéierungshëllefen fir kannergerecht Inhalter um Fernseh, Streaming a Youtube.
Schau-hin
Dës Säit bitt gezielt Informatiounen a Rotschléi, wéi ee mat Medie bei Klengkanner ëmgeet.
Alternativen zu Lëtzebuerg:
Supermiro
Supermiro bitt eng Iwwersiicht iwwer Aktivitéiten an Evenementer fir Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg.
Spillplaz.lu
Spillplaz.lu ass eng Plattform, déi Spillplazen zu Lëtzebuerg oplëscht a detailléiert Informatiounen iwwer hir Ausstattung ubitt.
Kids-in-lux.com
Kids-in-lux.com ass eng Websäit mat villen Tipps fir Elteren zu Lëtzebuerg, dorënner Fräizäitaktivitéiten, Evenementer an Ausfluchziler fir Kanner.
Bienvenue – Initiativ Liewensufank
D’Initiativ Liewensufank bitt Elteren Coursen an individuell Berodung un.
Whatsonforkids.lu
Whatsonforkids.lu ass en Evenementskalenner fir Familljen zu Lëtzebuerg mat enger Iwwersiicht iwwer kannerfrëndlech Eventer an Offeren.
Fondation Kannerschlass – Eltereschoul
Eltereschoul riicht sech un all Elteren, déi sech iwwer d’Theme vun Erzéiung a d’Familljeliewen wëllen informéieren.
Petitweb.lu
Petitweb.lu bitt Elteren a Kanner eng Sammlung vun Informatiounen iwwer Fräizäitaktivitéiten, Schoulen a Familljenofferen zu Lëtzebuerg.
@mom_luxembourg
@mom_luxembourg ass en Instagram-Account, deen Elteren zu Lëtzebuerg Inspiratioun fir Aktivitéiten, Ausflich a familljefrëndlech Offeren gëtt.