Direkt zum Inhalt springen

Folge 16 - Crystal Meth / Speed Amphetaminn - Wat ass dat?

Amphetaminn — Wat ass dat?

Zu Lëtzebuerg ass Crystal Meth nach net ganz wäit verbreet. D’Jessy an de Luc schwätzen dofir méi generell iwwer Amphet­a­minne, déi och bei eis um Schwaarz­maart als Speed verkaaft ginn.

De Luc erkläert, firwat Amphet­a­min­nen am 2. Weltkrich un Zaldote verdeelt goufen a firwat dës Substanzen awer trotzdeem keng Superdrogen sinn.

Et geet dann och drëm, wéi d’Wierkungen a Niewewierkunge vun Amphet­a­min­nen ausgesi kënnen an dass se als Dopping­mët­tel a Kom­bi­na­tioun mat kier­per­lech­er Performance liewens­ge­féier­lech kënne sinn an och net mat aner Substanze kombinéiert konsuméiert solle ginn.

Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:

Tel: 49 77 77 ‑55

Mail: email hidden; JavaScript is required

Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www​.cnapa​.lu

112

Wenn man bemerkt, dass es einer Person nach dem Konsum von legalen oder illegalen Drogen nicht gut geht, sollte man ver­ant­wor­tungsvoll handeln und sich um sie kümmern. Im Zweifels­fall den Notruf wählen und Erste-Hilfe-Maßnahmen einleiten.

Fro No

Hotline Support

Fro No

Hotline Support

Sie haben Fragen zum Thema Sucht, Drogen oder Hil­f­sstellen?

von Montags bis Freitags von 9:00–13:00 Uhr

E-mail frono@cnapa.lu Phone +352-49-77-77-55 WhatsApp +352-691-49-77-55