Folge 10 - Ketamin „Special K“ - Domat ass net eng Schossel Cornflakes gemengt
„Special K“ — Domat ass net eng Schossel Cornflakes gemengt
Wann an dëser Folg vun „Special K“ geschwat gëtt, ass domat net eng Schossel Cornflakes gemengt, mee d‘Substanz Ketamin, déi och haut nach heiansdo an der Noutfallmedezin a virun allem an der Déieremedezin als Narkosemëttel benotzt gëtt.
D’Jessy an de Luc diskutéieren, wat Ketamin als Drog fir eng Wierkung kann hunn, wat mat engem sougenannten „K‑Hole“ gemengt ass a wat d’Risike vum Ketaminkonsum duerstellen, virun allem, wann et zesumme mat anere Substanze wéi Alkohol ageholl gëtt.
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:
Tel: 49 77 77 ‑55
Mail: email hidden; JavaScript is required
Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
Lorsque vous réalisez quune personne ne se sent pas bien après avoir consommé des drogues légales ou illégales, vous devez agir de manière responsable et vous occuper d’elle. En cas de doute, composez le numéro d’urgence et mettez en oeuvre les mesures de premiers secours.